Aarbecht

Ech sichen
Aarbecht
Du bass op der Sich...

... no enger Aarbecht? Schreif dech esou séier wéi méiglech beim Aarbechtsamt (Agence pour le Développement de l’Emploi - ADEM) als aarbechtssichend an.

Hei gi verschidde Servicer fir Leit proposéiert, déi an denger Situatioun sinn: Hëllef beim Schreiwe vun engem CV, Virbereedung op den Entretien beim Patron, Propositioun vun oppene Plazen, … . D’Aarbechtsamt ass och zoustänneg fir d’Chômage-Indemnitéit, déi ënnert bestëmmte Konditiounen ausbezuelt ka ginn. Des a weider Informatioune fënns du och um Site vun der ADEM:

www.adem.public.lu

D’ADEM...

...bitt fir Jonker bis 30 Joer speziell Moossnamen un. Wéi ee Kontrakt op dech zoutreffe kann, deelen dir deng Beroder vum Aarbechtsamt mat: 

Verschidden aner Site...

...ginn dir d’Méiglechkeet no enger Aarbechtsplaz ze sichen; hei eng kleng Auswiel:

Beruffer

Info iwwer
Beruffer
Du weess nach net genee...

... wéi ee Beruff dech interesséiere kéint oder wéi eng schoulesch Viraussetzungen erfëllt musse sinn fir e bestëmmte Beruff léieren ze kënnen; da bass du hei genee richteg:

beruffer.anelo.lu

Gehei och emol ee Bléck...

...op de Klischee typesche Fraen- oder typesche Männerberuff. E Mol am Joer hues du d’Méiglechkeet beim Girls’Day-Boys’Day matzemaachen a fir dech atypesch Beräicher kennenzeléiren. All weider a wichteg Informatioune fënns du hei:

www.girls-day.lu
www.boys-day.lu

Denkst du e Beruff ...

... an der Industrie oder ICT (Information and Communications Technology) wier eppes fir dech?

Siichst du e Stage an déi Beräicher?

Dëse Site kann dir wéiderhëllefen :

www.hellofuture.lu

Erfahrunge sammelen

Ech wëll éischt
Erfahrunge sammelen
Eng gutt Méiglechkeet...

...sech e konkret Bild iwwert d’Beruffsliewen ze verschafen ass et an de Schoulvakanze schaffen ze goen. Hei fënns du eng sëllechen Offere fir däin nächste Vakanzenjob:

www.jobs.youth.lu

Du engagéiers dech gären...

...an denger Fräizäit fir eng gemengnëtzeg Saach? Klick dech eran a vläit ass jo och fir dech eng passend Aufgab derbäi:

www.benevolat.public.lu

Du hues deng Schoul ofgebrach,...

...méchs grad eng Paus oder wëlls virun dengem Start an d’Beruffsliewen nach eppes erliewen? Da kann et sinn dat e Fräiwëllegendéngscht genee dat ass wat s du sichs:

www.volontaires.lu

Hëllef / Berodung

Ech brauch
Hëllef / Berodung
Zanter Januar 2012...

...gëtt et d’Maison de l’Orientation op der Stäreplaz an der Stad. Ënnert engem Daach fannen sech hei verschidde Servicer, déi individuell op deng Froen zur Orientatioun aginn, respektiv dech op aner kompetent Servicer verweisen, déi dir weiderhëllefen.

Informatiounen zu deenen eenzelne Servicer, Uspriechpartner, Ëffnungszäiten, … ginn et op:

www.maison-orientation.lu

Och di verschidde Beruffskammeren...

...si fir dech do, wann s du Froen zur Beruffswelt hues:

Chambre d’agriculture: www.lwk.lu
Chambre de commerce www.cc.lu
Chambre des fonctionnaires et employés publics www.chfep.lu
Chambre des métiers www.cdm.lu
Chambre des salariés www.csl.lu

Informatiounen...

... zum Recrutement beim Staat fënns du um Site:

www.fonction-publique.public.lu

Méiglechkeeten

Wat si meng
Méiglechkeeten
ACT! JEUNES
Hues du nach aner Froen...

...déi dir um Häerz léien an deng berufflech oder schoulesch Orientatioun betreffen, da komm bis laanscht an der Maison de l’Orientation:

www.maison-orientation.lu

Weise wat ech kann

Ech wëll
Weise wat ech kann
Am „ePortfolio“

... kanns du deng Dokumenter a Certificate sammelen an deng Stäerkten a Kompetenzen erkenne fir ze weise wat s du kanns.
De „Portfolio fir Jonker“ gëtt et och op Pabeier fir deng Talenter an däin Engagement an enger iwwersiichtlecher Manéier festzehalen.

eportfolio.anelo.lu

 

 

 

Et gi vill Méiglechkeeten...

... op di eng oder aner Manéier aktiv ze sinn an dobäi seng Kompetenzen ze entwéckelen: Doheem, an engem Veräin, mat Frënn oder och soss an denger Fräizäit léiers du niewebäi nei Saachen. Maach eppes draus!

Mam Self-Assessment fënns du raus wou deng Stäerkte leien a wat dir wichteg ass am Beruff! Mell dech un iwwer:

self-assessment.anelo.lu

Deen een oder anere...

...schafft scho méi laang an engem Beruff ouni e Schoulofschloss an deem Beräich ze hunn. Wann dat de Fall ass dann denk emol driwwer no dir deng Erfahrung unerkennen ze loossen.

Méi Informatiounen dozou fënns du op:

www.men.lu

News

09.07.2015 Studie: Mit acht Jahren schon ins Internet
Im Spätsommer/Herbst des Jahres 2014 führten Dr. Andreas König und Prof. Dr. Georges Steffgen von der Universität Luxemburg im Auftrag von BEE SECURE eine Studie an 265 Kindern und Jugendlichen zwischen 10 und 21 Jahren durch. Im Fokus der Studie...
09.07.2015 6th Meeting of the Society for the Study of Economic Inequality
This conference aims to promote academic debate and the exchange of opinions regarding inequality, poverty, and other topics of common interest, and through this exchange encourage the worldwide dissemination of the results of academic research and...
02.07.2015 LCSB researcher Pranjul Shah is the Falling Walls Lab winner
Pranjul Shah and his team at the LCSB have developed HuMix, a device to model the conditions in the human gut or so to say an “artificial digestive tract”. It is just the size of a credit card. But it is able to reproduce the conditions that take...
02.07.2015 Les fonds de retraite perdent des milliards par an
Un travail de recherche* mené par la Luxembourg School of Finance (rattachée à l’Université du Luxembourg) a observé le même phénomène sur 26 marchés boursiers** entre 1980 et 2013. « Les retraités perçoivent généralement leur retraite à la fin de...
01.07.2015 Start-up „Motion-S” ist Gewinner des „Mind & Market”-Wettbewerbs
Sie haben eine Handy-Applikation entwickelt, die Autofahrer dabei unterstützt. Die App heißt „Game of Roads“ und regt spielerisch zu einer rücksichtsvollen und sparsamen Fahrweise an. Zur Vermarktung der App und der dahinter stehenden...
Info iwwer
Ech sichen
Ech wëll
Ech brauch

corner

corner

Ech wëll éischt
Wat si meng

News

09.05.2017 Léierplazendag Es-tu à la recherche d'une place d'apprentissage? Siichst du eng Léierplaz? Jeudi le 18 mai de 8h à 18h à la City Concorde Donneschdes, den 18. Mee,...

Tools