Girls' Day - Boys' Day
Aarbecht
![]() Du bass op der Sich... ... no enger Aarbecht? Schreif dech esou séier wéi méiglech beim Aarbechtsamt (Agence pour le Développement de l’Emploi - ADEM) als aarbechtssichend an. Hei gi verschidde Servicer fir Leit proposéiert, déi an denger Situatioun sinn: Hëllef beim Schreiwe vun engem CV, Virbereedung op den Entretien beim Patron, Propositioun vun oppene Plazen, … . D’Aarbechtsamt ass och zoustänneg fir d’Chômage-Indemnitéit, déi ënnert bestëmmte Konditiounen ausbezuelt ka ginn. Des a weider Informatioune fënns du och um Site vun der ADEM: | D’ADEM... ...bitt fir Jonker bis 30 Joer speziell Moossnamen un. Wéi ee Kontrakt op dech zoutreffe kann, deelen dir deng Beroder vum Aarbechtsamt mat:
|
Verschidden aner Site... ...ginn dir d’Méiglechkeet no enger Aarbechtsplaz ze sichen; hei eng kleng Auswiel: |
Beruffer
![]() Du weess nach net genee... ... wéi ee Beruff dech interesséiere kéint oder wéi eng schoulesch Viraussetzungen erfëllt musse sinn fir e bestëmmte Beruff léieren ze kënnen; da bass du hei genee richteg: | Gehei och emol ee Bléck... ...op de Klischee typesche Fraen- oder typesche Männerberuff. E Mol am Joer hues du d’Méiglechkeet beim Girls’Day-Boys’Day matzemaachen a fir dech atypesch Beräicher kennenzeléiren. All weider a wichteg Informatioune fënns du hei: |
Denkst du e Beruff ...
... an der Industrie oder ICT (Information and Communications Technology) wier eppes fir dech?
Siichst du e Stage an déi Beräicher? Dëse Site kann dir wéiderhëllefen : |
Erfahrunge sammelen
![]() Eng gutt Méiglechkeet... ...sech e konkret Bild iwwert d’Beruffsliewen ze verschafen ass et an de Schoulvakanze schaffen ze goen. Hei fënns du eng sëllechen Offere fir däin nächste Vakanzenjob: | Du engagéiers dech gären... ...an denger Fräizäit fir eng gemengnëtzeg Saach? Klick dech eran a vläit ass jo och fir dech eng passend Aufgab derbäi: |
Du hues deng Schoul ofgebrach,... ...méchs grad eng Paus oder wëlls virun dengem Start an d’Beruffsliewen nach eppes erliewen? Da kann et sinn dat e Fräiwëllegendéngscht genee dat ass wat s du sichs: |
Hëllef / Berodung
![]() Zanter Januar 2012... ...gëtt et d’Maison de l’Orientation op der Stäreplaz an der Stad. Ënnert engem Daach fannen sech hei verschidde Servicer, déi individuell op deng Froen zur Orientatioun aginn, respektiv dech op aner kompetent Servicer verweisen, déi dir weiderhëllefen. Informatiounen zu deenen eenzelne Servicer, Uspriechpartner, Ëffnungszäiten, … ginn et op: | Och di verschidde Beruffskammeren... ...si fir dech do, wann s du Froen zur Beruffswelt hues: Chambre d’agriculture: www.lwk.lu |
Informatiounen... ... zum Recrutement beim Staat fënns du um Site: |
Méiglechkeeten
![]() Hues du nach aner Froen... ...déi dir um Häerz léien an deng berufflech oder schoulesch Orientatioun betreffen, da komm bis laanscht an der Maison de l’Orientation: |
Weise wat ech kann
![]() Am „ePortfolio“ ... kanns du deng Dokumenter a Certificate sammelen an deng Stäerkten a Kompetenzen erkenne fir ze weise wat s du kanns.
| Et gi vill Méiglechkeeten... ... op di eng oder aner Manéier aktiv ze sinn an dobäi seng Kompetenzen ze entwéckelen: Doheem, an engem Veräin, mat Frënn oder och soss an denger Fräizäit léiers du niewebäi nei Saachen. Maach eppes draus! Mam Self-Assessment fënns du raus wou deng Stäerkte leien a wat dir wichteg ass am Beruff! Mell dech un iwwer: |
Deen een oder anere... ...schafft scho méi laang an engem Beruff ouni e Schoulofschloss an deem Beräich ze hunn. Wann dat de Fall ass dann denk emol driwwer no dir deng Erfahrung unerkennen ze loossen. Méi Informatiounen dozou fënns du op: |
News
- 1 of 11
- nächst Säit ›
corner

corner
