Eng eenzeg Adress wou een Ënnerstëtzung ka fannen fir eng schoulesch a berufflech Orientéierung ze fannen déi sengen Interessen a Kompetenzen entsprécht, an dono di richteg Entscheedung ze treffen wat Beruffsliewen, Aus- a Weiderbildung ugeet.


  • Agence pour le développement de l'emploi : Orientation professionnelle des Arbeitsamtes
    De ADEM/OP mécht individuell Berodungsgespréicher a kollektiv Informatiounssëtzunge fir Jonker an Erwuessener, déi op der Sich no engem fir si gëeegente Beruff sinn. Dëse Service ass zoustänneg fir d’Léierkontrakter, sief et an der Initialausbildung oder awer och an der Erwuesseneléier. D’ADEM-OP berechent och d’Hëllefen, d’Primen an d’Complémente fir d’Entreprisen an d’Léierbouwen a –meedercher.
     

  • Action Locale pour Jeunes
    Bitt eng perséinlech Begleedung beim Iwwergang vun der Schoul an d’Beruffsliewen, Ënnerstëtzung beim Ausschaffen vun engem berufflechen Projet an der Ëmsetzung dovun. Heizou gehéieren zB Léisung vun organisatoresche Problemer, Opstellen vun engem Zäitplang, Zesummestellen vun engem perséinlechen Dossier a Virbereeden vun de Virstellungsgespréicher. D‘ALJ hëlleft och fir mat aneren Servicer Kontakt opzehuelen.

  • Cellule d’accueil scolaire pour élèves nouveaux arrivants
    Riicht sech u Persounen tëschent 12 a 17 Joer, déi eréischt viru kuerzer Zäit op Lëtzebuerg komm sinn a lo hei wëllen an d’Schoul goen.

  • Centre de Documentation et d’Information sur l’Enseignement Supérieure
    Ass zoustänneg fir Informatioun iwwer de Studium op enger Héichschoul oder Uni ze ginn.

  • Centre de Psychologie et d’Orientation Scolaires
    Proposéiert Orientatiounsgespréicher: sech selwer kennen, Entscheedungen treffen, Ausbildungs- an/oder Beruffsprojet opstellen. Informéiert iwwer all Formatiounen
    am lëtzebuergeschen oder auslänneschen Schoulsystem. Bitt de Jonken an hire Familljen och eng pädagogesch, psychologesch an psychotherapeutesch Ënnerstëtzung un.

  • Service National de la Jeunesse
    De Regionalbüro vum SNJ bitt, mam Service volontaire d’orientation (SVO), dem Jonken tëschent 16 an 30 Joer d’Méiglechkeet eng éischt praktesch Beruffserfahrung ze kréien an dobäi individuell betreit ze ginn.