Go to content

Meng Studie wielen

Du hues deng Première oder Treizième an der Täsch a wëlls weider studéieren. De Choix vun de Studien ass eng wichteg Etapp an dengem Liewen an um Wee an e Beruff. Fir déi fir dech richteg Décisioun kënnen ze huelen, ass et och wichteg ze wësse wou ee wat studéiere kann, wéi d’Liewensconditiounen an den eenzelne Länner an Unisstied sinn a wéi ee sech säi Studenteliewen am beschten organiséiert.

De CEDIES (Centre de Documentation et d’Information sur l’Enseignement supérieur) gëtt dir all Informatiounen iwwer d’Organisatioun vun den Héichschoulstudien an Europa an doriwwer eraus, an hëlleft dir och bei der Aschreiwung.

De Centre Information Jeunes (CIJ) kann dir ganz vill praktesch Rotschléi ginn an d’Association des cercles d’étudiants luxembourgeois (ACEL) weess wou wat fir ee Studentencercle aktiv ass. De Fonds National de la Recherche promouvéiert d'Beruffer an de Beraicher Technologie a Fuerschung.

De Fonds National de la Recherche promouvéiert d'Beruffer an de Beraicher Technologie a Fuerschung.