Du wëlls dech zousätzlech an engem Beräich forméieren, fir dech besser op d'Beruffswelt virzebereeden?
z.B an der Informatik d’European computer driving license mmachen, eng nei Sprooch léieren um Centre de langues oder eng Formatioun an der Comptabilitéit, an der Fiskalitéit maachen.
D’Portal vun der Beruffsausbildung hëlleft der eng Formatioun ze fannen an informéiert dech iwwer deng Rechter.
De Service vun der Formation des Adultes vum Schoulministère huet eng ganz Rëtsch vu Coursen unzebidden.
Wann’s de wëlls en Unisstudium nieft denger Aarbecht «à distance» oder «en cours d’emploi» maachen, da wend dech un de CEDIES (Centre de Documentation et d’Information sur l’Enseignement supérieur).
Och d’Beruffschamberen hunn eng Offer vu Coursen a Formatiounen.