Go to content

Mech a mengem Beräich weider spezialiséieren

Du hues e CATP oder däin Technikerdiplom an der Täsch an du wëlls nach weider an dengem oder an engem verwandte Beräich léieren oder studéieren.

D’Portal vun der Beruffsausbildung hëlleft der eng Formatioun ze fannen an informéiert dech iwwer deng Rechter.

De Service vun der Formation des Adultes vum Schoulministère huet eng Partie Méiglechkeeten.

Wann’s de wëlls en Unisstudium niewent denger Aarbecht «à distance» oder «en cours d’emploi» maachen, da wend dech un de CEDIES (Centre de Documentation et d’Information sur l’Enseignement supérieur).

Nieft de staatlechen Organisme bidden och d’Beruffschambere Coursen a Formatiounen un.

Formation continue, Owescoursen, … :

Formation continue, Meeschterprüfung, … :

Owescoursen, Séminairen, Unisformatiounen, … :