Du hues däin Diplom an der Täsch. Wann’s de däin Diplom am Ausland kritt hues, da looss e séier offiziell zu Lëtzebuerg unerkennen. Dat ass wichteg wann’s de op der Uni Lëtzebuerg wëlls studéieren oder wann’s de dech op eng Aarbechtsplaz wëlls mellen.
Wann et en auslänneschen Diplom aus dem Secondaire ass, da wend dech un de Ministère de l’Education nationale et de la Formation professionnelle.
Wann et en auslänneschen Diplom vun enger Uni oder enger Héichschoul ass, da kann den Héichschoulministère dir weiderhëllefen.