Go to content

Hëllef bei menger Sich

Aarbechtsamt (ADEM)

Du bass op der Sich no enger Aarbecht ? Schreif dech esou séier wéi méiglech beim Aarbechtsamt (Administration de l’Emploi - ADEM) als “Demandeur d’emploi” an.

D’Aarbechtsamt proposéiert verschidde Servicer fir Leit, déi op der Sich no Aarbecht sinn: Hëllef beim Schreiwe vun engem CV, Virbereedung op den Entretien beim Patron, … . D’Aarbechtsamt ass och zoustänneg fir d’Chômage-Indemnitéit, déi ënnert bestëmmte Konditiounen ausbezuelt ka ginn.

An engem neien Dépliant informéiert d'ADEM an den Aarbechtsministère iwwert d'Änerungen, déi am November 2009 agefouert goufen.

Speziell Moossname fir déi Jonk

D’Aarbechtsamt (ADEM) ka Jonken, déi net direkt eng Plaz fannen, verschidde Moossname proposéieren.

Contrat appui-emploi

Fir Leit, déi manner wéi 30 Joer al sinn a minimum 1 Mount laang beim Aarbechtsamt (Administration de l’Emploi - ADEM) als “Demandeur d’emploi” ageschriwwe sinn. D’Kandidate mussen eng «Convention d’activation» mam Aarbechtsamt ënnerschreiwen. Placement iwwer de «Service Emploi des jeunes» vum Aarbechtsamt. Aarbechtszäit : 32 Stonne pro Woch, maximal Dauer vum Kontrakt 9 Méint.

Contrat d’initiation à l’emploi

Fir Leit, déi manner wéi 30 Joer al sinn. Aarbechtsplazen an Entreprisen. Placement iwwer de «Service Emploi des jeunes» vum Aarbechtsamt (Administration de l’Emploi – ADEM).

Contrat d'initiation à l'emploi - Expérience pratique

Fir Leit, déi manner wéi 30 Joer al sin an hieren leschten Diplom no 2008 kritt hun. Interessenten mussen sech iwwert Site "cie-ep.anelo.lu" aschreiwen. Hei get et och weider Informatiounen zu dëser neier Mossnahm.

Beruffsberodung

D’Beruffsberodung bitt mat sengem Beruffsinformatiouns-Zentrum (BiZ) souwuel Schüler wéi och den Erwuessenen, déi sech ëmorientéiere wëllen, d’Méiglechkeet sech iwwer Formatiounen a Beruffer z‘informéieren. Si këmmere sech och ëm d’Léierplazen an informéieren iwwer déi verschidden Ausbildungsméiglechkeeten.

Action Locale pour Jeunes

D’Action Locale pour Jeunes (ALJ) bitt ausser enger méi allgemenger Hëllefstellung fir Jonker déi tëschent Schoul a Beruff stinn, och eng konkret Hëllefstellung bei der Sich no enger Ausbildungsplaz. Du fënns d’Adress vum regionale Büro, den dir am noosten ass op hirer Internetsäit.