Verschidden Institutioune bidden Hëllef bei der Grënnung vun enger eegener Entreprise :
D’Équipe «Contact entreprise» vun der Chambre des Métiers bitt gratis Berodung fir Leit, déi hiren eegenen Handwierksbetrib grënne wëllen.
D’Équipe vum «Espace Entreprise» vun der Chambre de commerce bitt déi nämlecht Servicer u fir Leit, déi e Betrib am Beräich Commerce, Horesca, Transport, Industrie a Servicer wëlle grënnen. Um Internetsite vun der Chambre de Commerce gëtt et och eng Rubrik, déi sech ëm d’Grënnung vun Entreprisen dréit.
Wann dir am Norde vum Land sidd, da kann iech och de Guichet unique PME hëllefen.
Speziell fir déi innovativ nei Betriber a Start-up’e bitt LuxInnovation Hëllef un.
D’«Business Plan Toolbox» ass eng online Hëllef mat Module wéi “mon projet”, “online coaching”, …, fir zukënfteg Grënner vun enger Entreprise.
Du hues eng Iddi fir eng nei innovativ Entreprise oder e Projet ze realiséieren? 1,2,3, GO kann iech bei ärem Projet an der Groussregioun hëllefen.
Administrativ Démarchen, Informatioun iwwer d’Finanzéierung a vill aner Informatioune gëtt et um Guichet unique vum Staat fir d’Entreprisen.