Go to content

Fräiwëllegendéngscht

E Fräiwëllegendéngscht ass eng Volllzäitbeschäftegung vun enger Dauer vun 3 Méint bis 12 Méint. D’Aktivitéite sinn a gemengnëtzege Beräicher : Soziales, Ëmwelt, Kultur, … .

Zu Lëtzebuerg ass de Fräiwëllegendéngscht gesetzlech geregelt an e Volontaire, dee sech am viraus enregistréiert huet, huet Recht op sozial Ofsëcherung, Täschegeld an eng Indemnité de subsistance.

Momentan bitt de Service National de la Jeunesse (SNJ) dräi verschidde Programmer fir Jonker tëscht 16 an 30 Joer un :

Fräiwëllegendéngscht zu Lëtzebuerg

Nieft dem gemengnëtzegen Engagement, soll dëse Programm dem Eenzelne bei senger Orientéierung fir de spéidere Beruff oder seng weider Ausbildung hëllefen. Et gëtt vill Wäert op perséinlech Begleedung geluegt.

Fräiwëllegendéngscht an Europa

Dëse Programm ass Deel vum europäesche Mobilitéitsprogramm “Jeunesse en action” a bitt vill interessant Asazméiglechkeeten uechter ganz Europa an doriwwer eraus.

Fräiwëllegendéngscht an der Coopératioun

Dëse Programm, deen an Zesummenaarbecht mam Coopératiounsministère ausgeschafft gouf, riicht sech u Jonker, déi sech an der Coopératioun engagéiere wëllen.