Du hues décidéiert nach eng Formatioun ze maachen oder e Studium unzefänken. Du weess awer net wéi’s de dat solls finanzéieren. De Staat kann dir do finanziell hëllefen, sief et duerch e Subside vum CPOS (Centre de Psychologie et d’Orientation Scolaires) wann et eng Formation professionnelle ass oder duerch eng Aide financière vum CEDIES (Centre de Documentation et d’Information sur l’Enseignement supérieur) wann et en Héichschoulstudium ass.
Wann’s de wëlles hues en Doktorat ze maachen, gëtt et d’Méiglechkeet vun engem Finanzement duerch eng Aide à la formation recherche vum Fonds National de la Recherche.