D’Association des Cercles d’Etudiants Luxembourgeois (ACEL) gëtt all Joer de «Guide du futur diplômé» mat ville prakteschen Informatiounen eraus : eng Plaz sichen, CV schreiwen, … . Dëse Guide kann ee sech op hirem Site eroflueden.
Action locale pour jeunesD’Action locale pour jeunes (ALJ) ass e Service vum Éducatiounsministère. D’ALJ ass virun allem fir jonk Schoulofbriecher do, mee net nëmmen. Bei der ALJ kriss du gehollef: nëtzlech Adressen, Démarchen, CV. D’Berodung vun der ALJ geschitt virun allem an de regionale Büroen. Déi genee Adresse fënns du op hirem Internetsite.
De Centre Information Jeunes (CIJ) huet verschidden thematesch Fichen ausgeschafft zu den Themen Aarbecht, Studien, Firma grënnen ,... . Déi fënnt een op hirem Internetsite.
Donieft huet de CIJ och e Guichet an der Galerie Kons op der Gare, wou een sech direkt a perséinlech berode loosse kann: nëtzlech Adressen, Démarchen, CV, … .